Réckbléck: 3x3 Event 06.01.2024


10 January 2024

Hei ee klénge Réckbléck vun eisem erfollegräichen 3x3 Event vum leschte Samsdeg.
 
Et ware 27 Teams an de 5 Kategorien am Asaz. All Ekipp huet mindestens 4 Matcher gespillt, d'Finalisten hunn der 5-6 gespillt. D’Matcher ware ganz interessant an déi meescht Finale ware souguer bis zum Schluss ganz spannend. Bravo fir d’Gewënner:
 
U14 W: Shooting Girls
U16 W: Blue Warriors
U14 M: The Bucket Crew
U16 M: Arantia
U20 M: Tripple Threats
 
Fotoen vum Event fannt dir an eiser Galerie oder ennert folgendem Link:  https://www.etzella.lu/galerie-80624v4/galleries/11056
 
Mir wollten all de Spiller a jiddereen deen sech un der Organisatioun bedeelegt huet MERCI soen. Een groussen MERCI och fir d’Sponsore vum Event, fir d’Arbitteren a fir d’FLBB.
 
Mark your calendars: déi nächst Editioun ass fir de 4. Januar 2025 geplangt.
 
Den “RTL REBOUND” vum leschten Sonndeg gouf integral “doheem” a wärend eisem Event verfilmt. Falls dir e verpasst hutt, kennt dir iech en nach eng Kéier hei ukucken:https://play.rtl.lu/shows/lb/rebound/episodes/r/3356647