Foire Agricole an Generalversammlung 2023


14 July 2023

Den Weekend vum 30/06-02/07 waren mir wéi all Joer erëm ob der Foire Agricole zu Ettelbréck am Asatz. Am ganzen hunn mir ob drei Stänn zerwéiert, dorënner eiser Grillbud, dem Gedrénksstand (Karussell) an den Menü an der Däichhaal. Mir soen een décken Merci un all déi Leit, déi den ganzen Weekend gehollef hunn!!
 
Mat der Generalversammlung, déi den 13/07 war, gouf den Schluss vun der Saison 2022/2023 an den Start vun der Saison 2023/2024 definéiert. Dobäi goufen mam Joe Jungels an Ben Jacoby, zwee nei Comitesmemberen virgestallt. 
Nodems d'Mariette Deloos aus dem Comité zeréck getrueden ass, stëllt sech den Comité elo wéi folgend zesummen:
Paul Wengler, John Conte, Jacqueline Eyschen, Jemp Gutenkauf, Philippe Gutenkauf, Charel Jacoby, Ben Jacoby, Joe Jungels, Jean Kasel, Jeanine Levooz, Max Mangen, Mich Neven, Rita Palmisano, Michel Schockweiler, Didier Vrancken, Yann Wolff