Merci Marc Haentges

22 June 2023
De BBC Etzella trauert em säin langjärege Spiller, Member an Sponsor, de Marc Haentges.
Mir waerten hien an gudder Erënnerung behalen an drécke senger Famill eist opriichtegt Baileed aus.
Eier den Marc bei den BBC Etzella komm ass, huet hien seng Basketscarrière zu Diekirch ugefangen. Nodems hien déi verschidden Jugendkategorien vum BBC Etzella duechgemaach huet, huet hien mat 22 décidéiert ob Bartreng bei d'Sparta ze wiesselen. Hei huet den Marc wäerend villen Joeren erfollegräich an der héchster letzeboiëscher Liga gespillt. Firum Oofschloss vunn senger Karrière als Spiller, huet den Marc nach engkéier den Wee zeréck ob Ettelbréck fonnt wou hien ënner anerem am Joer 1992 den Doublé gewannen konnt.
No dem Enn vun senger sportlecher Karrière huet den Marc den BBC Etzella waerend villen Joeren als Member, Comitésmember an als Sponsor ennerstëtzt. Den BBC Etzella seht dir merci fir all déi schéin Momenter!