Cup

LETZT CHANCE NACH TICKETEN ZE KAAFEN

  Densdeg owend 7. februer ab 19:30Auer as di letzt chance fir nach een Ticket fir COUPE HALLEF-FINALLEN ze kaafen. Départ vum BUS e Samsdeg as em 17:00Auer bei der Sportshal.                 AVIS AUX AMATEURS



Auslousung vun den Coupe 1/2 Finalen

An der Coupe Halleffinal kréien eis Hären et mat der Sparta Bartreng ze dinn an eis Dammen mussen géint d’Amicale Steesel erun. Coupe des dames: 11/02/2012: Amicale – Etzella 12/02/2012: T71 – Musel Pikes Coupe de Luxembourg: 11/02/2012: Etzella – Sparta 12/02/2012: Musel Pikes – T71



Dammen stinn an der Coupe 1/2 Final

Eis Meedercher hunn sech um Mëttwoch Owend knapps mat 81:76 géint den Basket Esch duerchgesat an  sech soumat fir d’Halleffinalen vum LaLux Ladies Cup qualifizéiert. Eng super Leeschtung vun eisen Dammen! Hei déi weider Resultater: Basket Esch : Etzella 76-81 Grengewald Hostert (+10) : Amicale 46-75 Heffingen : Musel-Pikes 52-82 Contern : T71 Dudelange (Photo: [...]



D’Etzella qualifizéiert sech fir d’Coupe 1/2 Final

No enger ongefärdeter 76:61 Victoire géint Bascharage (+10) qualifizéieren sech eis Hären fir d’Halleffinallen an der Coupe de Luxembourg. Hei déi weider Resultater: Musel Pikes – Résidence: 66:54 Bascharage (+10) – Etzella: 61:76 Basket Esch – T71: 58:74 Sparta – Amicale 89:85



Coupe: Auslousung vun den 1/4 Finalen

Den Weekend goufen d’Véirelsfinalen an der Coupe ausgeloust. Eis Hären hunn mat Bascharage den nach eenzegen Nationale 2 Veräin erwëscht, während eis Dammen géint den Basket Esch erun mussen. Och wann Bascharage mat 10 Punkten Avance an den Match geet, sou sinn eis Jongen um Pabeier den kloeren Favorit. Bei eisen Meedercher gesäit dëst anescht [...]



LaLux Ladies Cup: Etzella an der 1/4 Final

Eis Dammen hunn hiren Opwärtstrend vun deenen leschten Wochen weider fortgesat an gewannen an der Aachtelsfinal vum LaLux Ladies Cup mat 69:53 géint d’Résidence Walfer. Domadder huelen eis Meedercher Revanche fir 56-59 Defaite aus dem Championnat an qualifizéieren sech fir d’Véirelsfinalen vun der Coupe. Hei den weideren Programm: 5/11/2011 19h30 Résidence : Etzella 53 – [...]



1/8 Final Coupe de Luxembourg; 72:121 zu Hesper

Eis Hären hunn hier Pflichtaufgab erfëllt an gewannen ouni gréisser Problemer an der Aachtelsfinal vun der Coupe de Luxembourg mat 72:121 zu Hesper. Den Telstar konnt mat enger 20 Punkten Avance an den Match goen, dëst wëll si an der drëtter Divisioun spillen. Hei déi weider Resultater vun den Aachtelsfinallen: Basket Esch : Soleuvre 88:81 [...]



No Esch an virun Hesper

Eis Hären sinn den Weekend mat 88:63 géint den Basket Esch, déi ouni Amerikaner gespillt hunn, ënner gaang an mussen sech direkt rëm op déi nächst Aufgab konzentréieren. Dësen Donneschden geet et um 20h30 an der Aachtelsfinall vun der Coupe de Luxembourg géint den Telstar vun Hesper. Alles aneschters wéi eng Victoire fir eis Jongen [...]



Etzella: Cup Winner 2011

Eis Hären gewannen an engem ganz knappen Match mat 67:65 géint d’Amicale Steesel d’Coupe de Luxembourg 2011. Den Match selwer woer vun der Spannung hier kaum ze toppen. 12 Sekonnen virun Schluss huet den Raphael Albaladejo, wéi iweregens och schonns d’lescht Woch am Championnats Match géint d’Résidence Walfer, mat engem Tip in d’Victoire gesechert. Ausschlaggebend [...]



Dammen verléieren d’Coupe Final; 77-75

Eisen Dammen sollt et net gegonnt gewiescht sinn fir d’Coupe mat ob Ettelbréck ze huelen. Réischt an der Verlängerung hunn si sech missten géint den T71 geschloen ginn. Och wann d’Partie vum spillereschen hier ob kengem héichen Niveau stoung, sou kann een eisen Meedercher an Punkto Kampfgeescht keen Virworf maachen. Als Grond fir dës Defaite [...]