All entries by this author

D’Cadets’en gewannen 1. Internationalen Tournoi vun Ome

D’Etzella Cadets’en waren vum 4 bis 8 Abrëll an Italien op dem internationalen Tournoi vun Basket Ome. Et war een Tournoi mat 4 Ekippen wou d’Etzella am éischten Match géint Pentabasket Sarezzo mat 78-65 gewonn huet. An der Finale huet d’Etzella dunn géint Villazano mat 63-49 gewonnen an huet an domadder den 1. internationale Tournoi [...]



D’Etzella verléiert zu Steesel; 91:70

Mat 91:70 verléiren eis Jongen um drëtt-leschten Spilldag vum Titelplayoff zu Steesel.



Dammen: Basket Esch – BBC Etzella: 87:78

Eis Dammen verléiren um 8. Spilldag am Playoff mat 87:78 géint den Basket Esch. Domadder stinn eis Meedercher ob der drëtter Platz an der Tabell, nëmmen een halwen Punkt hannert Esch.



D’Etzella vun den Musel Pikes deklasséiert

Eis Hären hunn um 7. Spilldag vun Titelplayoff Doheem eng ganz sauer 58:83 Defaite missten kasséiren. Mat nëmmen 14 Punkten an deenen eischten 20 Minutten wor d’Partie zimmlech séier decidéiert. Och an der zweeter Halschent koum keng Reaktioun ob Ettelbrécker Sait. Den Final 4 ass rechnerech nach ëmmer dran, allerdings mussen eis Jongen eng Reaktioun [...]



Dammen: BBC Etzella – Musel Pikes: 59:78

Eis Dammen verléiren um 7. Spilldag vun Playoff Doheem mat 59:78 géint den Leader Musel Pikes.



D’Etzella Hären verléiren géint den Champion

Eis Jongen hunn sech missten um sechsten Spilldag vum Playoff knapps mat 87:80 géint den aktuellen Champion an Tabellen Leader T71 Diddeleng geschloen ginn. Fir nach eng Chance ob den Final 4 ze hunn, mussen elo all d’Matcher gewonnen ginn.



Dammen: T71 Diddeleng – BBC Etzella: 61:99

Eis Dammen hunn sech um sechsten Spilldag vum Titelplayoff ouni Gréisser Problemer mat 99:61 zu Diddeleng konnten duerchsetzen. Bei der Etzella konnten direkt 6 Spillerinen doubelstellech Punkten.



D’Etzella verléiert Doheem géint d’Sparta

Eis Hären verléiren Doheem mat 86:64 géint d’Sparta vun Bartreng. Eis Jongen wollten wéi an der Coupe 1/2 Final een spannenden Match géint d’Sparta bidden. Dëst ass hinnen awer leider nëmmen am Ufank vun der Partie gegléckt.



Dammen: BBC Etzella – AB Contern: 74:62

Eis Dammen gewannen um fëneften Spilldag vum Titelplayoff mat 74:62 géint den AB Contern. An der Tabell stinn si elo erem ob der zweeter Platz, dëst een halwen Punkt hannert den Musel Pikes.



D’Hären verléiren zu Walfer; 96:89

Eis Hären hunn um véierten Spilldag vum Playoff eng batter Defaite vir den speideren Final4 missten astierchen. Mat 96:89 hunn si sech missten zu Walfer geschloen ginn. No dësem Spilldag stinn mir punktgleich zesummen mat Steesel an Walfer ob der véierter Platz an der Tabell. Photo: Jeff Lahr – www.photosport.lu