Merci NELSON Sep14

Tags

Related Posts

Share This

Merci NELSON

No 20 Joer Basketscarrière mat villen Erfolleger huet eise NELS dann elo seng Schong définitiv un de Nôl gehaang. Eng ganz Reih fréier Mat- an Géigenspiller hun sech et net huelen gelooss fir nach emol eng letzte Kéier mam Nels zesummen um terrain ze stoen an hien op sengem Wee an “Baskets-pensioun” ze begleeden. Och de Rick Brooks an Philippe Giberti sin der invitatioun nokomm, de Rick huet sëcher dem Nelson seng carrière wei keen aanere coach geprägt, net ze vergiessen awa och seng deemolleg Jugendcoachen Paul a Will Kerger.

De Nels as een Ausnahme-athlet, huet 3 Championstitelen an 8 mol Coupe gewonnen (2 mol den Doublé), hien huet fir sein Sport a Verain geliewt an konnt och ëmmer op Ennerstetzung vu senger Famill zielen.

De BBC ETZELLA as stolz esou ee Spiller wéi de Nels a sengem Verain ze hun, an mir wëssen dat mir och an Zukunft op hien koennen  zielen, egaal an wei eng Funktioun.

Merci NELSON

foto-2foto-1foto-3foto-7foto-4foto-5foto-6foto-9foto-8foto-10