Nelson DELGADO setzt ee Schluss ënnert seng Basketscarrière May02

Tags

Related Posts

Share This

Nelson DELGADO setzt ee Schluss ënnert seng Basketscarrière

No iwert 20 Joer an der 1. équipe huet de Nelson DELGADO elo décisioun geholl fir seng Schong un de Nool ze haenken, an an Zukunft senger Famill méi Zait ze widmen. Nodeems hien sëch letzt saison nach emol bereet erklärt haat fir eng weider saison ze spillen, as awa elo fir hien de Moment komm fir ee Schlusstréch ze zéihen.

11 Titelen (3 x champion an 8 x coupe), dovuner 3 doubléen, huet de Nels an senger laanger carrière gewonnen. Hien huet ënnert ganz bekannten coachen am letzebuerger Basket gespillt an trainéiert, wei dem Rick Brooks, Paul Kerger, Will Kerger, Philippe Giberti, Kresimir Basic, Ron Billingslea, Mathias Eckhoff, Carsten Pohl, Doug Marthy, Gilles Becker an dem Jan Enjebo.

Den Nels huet iwert all di Joeren ëmmer zu sengem Verain gestaan, an as trotz villen offert’en aus dem In- an Ausland der Etzella trei bliwwen.

Elo duerf Marisa, Alyne an de Marvin sëch drop fréen hien méi dohéem ze hun. Ma den Nels waert dem Basket mat Sëcherheet erhaalen bleiwen, egaal an wei enger funktioun, och duerch seng Kanner déi jo bekanntlech an der Etzella-Jugend spillen.

Am Numm vum comité, senge memberen, sengen supporter, all de partenairen, soen mir dem Nels MERCI fir déi wonnerschéin Zait déi mir méi ewéi 20 Joer hun duerfen zesummen erliewen.

eemol blue blood, ëmmer blue blood.