Derrick BARDEN ënnerschreiwt contract fir saison 2016-2017 May17

Tags

Related Posts

Share This

Derrick BARDEN ënnerschreiwt contract fir saison 2016-2017

Mam Derrick BARDEN huet Etzella een neien US-Spiller fir saison 2016-2017 verpflicht. Den Derrick huet schons di letzt 2 Joer fir AS Zolver gespillt an sech dozou entschloss och nächst saison a Letzebuerg ze spillen. Hien as sëcher een vun deenen spillstärksten US-Spiller déi di 2 letzt Joer an eisem championnat gespillt hun an seng Statistiken waren iwerragend (2014-2015: 24.3 pts; 12.4 rb // 2015-2016: 22.7 pts; 15 rb). Mir fréen eis den Derrick an eisem Verain begréissen ze duerfen.

Desweideren as de Verain stolz matzedeelen dat all Spiller bei den Haeren zougesoot hun och nächst saison fir Etzella ze spillen, an den Dominique BENSEGHIR och zrëck vun Zolver bei Etzella wiesselt.