carte d’entrée permanente 2013/2014

Léif Frënn an Supporter vum BBC Etzella , wéi all Joer kënnt Dir Iech och elo är Carte d’Entrée Permanente online fir d’Saison 2013/2014 bestellen. Eng Dauerkaart bei der Etzella kascht 90.- Euro an zielt fir sämtlech Championnatsmatcher doheem (Playoff an den Final 4 inclus).

Fir kënnen eng Carte d’Entrée Permanente ze bestellen, schéckt eng E-Mail un info@etzella.lu mat ärem Numm an ärer Adress.

D’Kaart kann dan um 1. Championnatsmatch doheem e Sonndeg 6. Oktober géint Contern (17:15 Auer) ofgeholl ginn. Bezuelt gëtt dan “cash” op der Plaaz
Close Menu