Eis Meedercher spillen Mëttwoch, den 16. Mee um 20:30 Auer den entscheedenden drëtten Match an der Halleffinall Serie géint den Basket Esch. D’Equipe zielt ob är Ënnerstëtzung. Rendezvous ass also um 20h30 zu Esch!
Eis Dammen spillen Freiden, den 11. Mee 2012 um 19h30 zu Ettelbréck deen éischten Match vun der Halleffinall géint den Basket Esch. Kommt zu zahlreich eis Equipe ufeieren. Si brauchen all ären Support fir dësen wichtegen éischten Match ze gewannen.
Den Supporterclub mécht och nach een Opruff fir déi Leit déi interesséiert sinn eis Equipe mat enger Tromm lautstark ze ënnerstëtzen. Et sinn genuch Trommen do, et muss een just um Match beim Supporterclub nofroen. Déi Leit dei interesséiert sinn eng Tromm an den Grapp ze huelen vir den Match zu Esch, sollen sech entweder beim Präsident vum Fanclub Christian Reuter direkt mellen oder hien um Facebook kontaktéieren, sou dass si wëssen weivill Trommen mussen agepaakt ginn. Et muss och keen sech em den Transport vun dësen këmmeren, dat giff den Fanclub selwer maachen.

Lisa
15 May 2012ALLES OP ESCH AN UFEIEREN!!! SUPPORT THE TEAM!!!! THE FINAL IS CLOSE!!!