D’Etzella Hären gewannen zu Hiefenech: 64:84

Eis Hären hunn um éischten Match vun der Réckronn mat 84:64 zu Hiefenech gewonn. Och wann d’Lokal Equipe besser an dës Partie gestart ass, sou hunn eis Jongen am leschten Véirel den Match an d’Hand geholl an eng sécher Victoire agefuer.

Points:
Chris ITTENBACH 0, Sam FERREIRA 0, Nelson DELGADO 11, Gilles POLFER 11, Fréderic GUTENKAUF 0, Tim GIVER 18, Corey RAJI 30, Eric BISSENER 7, Pit HOFFMANN 2, Raphael ALBALADEJO 5.

Stats:
D’Statistiquen vum Match fannt der wéi gewinnt um Site vun der FLBB.

Nächsten Sonnden kënnt et dann zu Ettelbréck um 17:15 Auer zum Duell tëschent dem BBC Etzella an der Sparta Bartreng. D’Sparta ass säit 8 Matcher ongeschloen an well Revanche fir 64:66 Defaite aus der Hinronn, wou si mat 20 Punkten Virsprong an der Paus schonns wéi den sécheren Gewënner ausgesinn hunn.

Close Menu