Dominique Benseghir op Hiefenech ausgeléint
By Ben PHILIPPE | August 20th, 2010 | Category: BBC Etzella, News | Comments Off
Wat sech schonns länger ugekënnegt hat, ass lo och definitiv an soumat offiziell. Den Dominique Benseghir gëtt fir déi kommend Saison un den US Hiefenech ausgeléint. Den Dim erwaard sech mat dësem Changement méi Spillpraxis an Erfahrung. Mir wënschen him vill Erfolleg fir dësen Challenge.
Dës Woch huet och den Training vun der éischter Equipe ugefaang. Heibäi get den neien Trainer Doug Marty vun sengen Assistentstrainer Paul Missavage an Amadeo Dias ënnerstëtzt.
Den Dustin Scott ass och rëm am Land an huet mat der Equipe den Training rëm ugefaang.
