Cédric Schroeder injured
By Ben PHILIPPE | August 25th, 2009 | Category: BBC Etzella, News | 3 comments
Den Cédric Schroeder huet sech am Frëndschaftsmatch géint Zolwer leschten Donneschden uerg verletzt. D’Kraizband am Knéi as futti. Op et gerass oder duerch ass, gëtt dës Woch am IRM festgestallt.
Wann dëst sech bestätegt, muss een dovunner ausgoen, dass den Cédric 6 Méint ausfält. Dëst as natierlech een haarden Verloscht fir d’Equipe.
Den Slim, deen Mëtt leschter Saison rëm mam Basket bei der Etzella ugefang huet, léisst sech schnellstmégilech um Knéi operéieren.
Mir wënschen him eng gutt an schnell Geneesung.
Photo: Jeff Lahr – www.photosport.lu

Gut Besserung vir den Slim, an dann hoffen ech dass een dech rem seier um Terain kann gesin.
Salut Slim
Maer wenschen daer eng gut Besserung an hoffen dass du erem seier fit gees vir ze spillen. Los de Kap net hängen. Op der Bänk vum Fan club ass emmer platz vir dech
Kapp héich Slim,
du bass nach jonk an dat do waerts du och iwwerstoën. Eng gudd Besserung an dass du sou séier wéi méiglëch rëm fit gëss – fir dass du dénge Leit nit op d’Nerve geess wanns du nit méi trainéiere kanns
Mir fréen eis all dëch um Terrain rëm zë gesin – mee an der Zwëschenzait gëtt ët jo och nach d’Buvette