Dustin Scott get’s a 30 day trial as new foreign player

Nodeems bekannt gouf, dass den Marcus Kennedy net méi fir d’nächst Saison zeréck op Ettelbréck keim, hunn sech déi Responsable vum Verrain op d’Sich no engem neien Auslänneschen Spiller gemaach, an sin hei mam Dustin Scott fündeg gin.

Den Dustin kritt een 30 Deeg Trial bei der Etzella an wäert den 2. August zu Lëtzebuerg ukommen. Hien as den 17. Februar 1985 zu Charleston gebuer, wou hien speiderhin och op den College gaang ass. Den 2,03 Meter groussen Forward koum an senger leschter Saison als Senior um College of Charleston an 36 Matcher op eng Moyenne vun 9,1 Punkten, 7,3 Rebounds an 2,2 Assists.

Weider Informatiounen iwwert den Dustin fannt der um Internet Site vun sengem College.

Comments are closed.